Skip to main content

Notre page n'a pas encore été entièrement traduite en français.
Excusez-nous pour ces inconvénients.

Bienvenue au Jugendtreff Hesper!

Une place pour toi ...

Les nouvelles

Léif Elteren,

D’ Vakanz geet esou lues op en Enn a säit dem 20.08.18 ass de Jugendtreff erëm op.

Dir sidd nees häerzlech invitéiert bei eis kucken ze kommen, fir Iech e Bild ze maachen wéi et bei eis am Jugendtreff leeft a wat mir deene Jugendlechen ubidden a mat hinnen zesummen erschaffen.

Bis virun der Summerpaus hunn vill Jonker un diversen Atelieren am Beräich Gesondheet (Futsal, Fitness, Danzen, Kachen,...) oder Kreativitéit (Musek, Bastelen, Filmen,...) ewéi och un verschidden aner Projeten deelgeholl. Oft hunn déi Jonk awer och just no Hëllef an enger méi schwiereger Situatioun gefrot.

Och fir dat neit Schouljoer bidde mer eng Rëtsch nei Aktivitéiten un an hu awer och versicht Är Iddien mat an ze bauen.

Op eisem Site fannt Dir eist Konzept an och all Atelieren esou wéi déi nei  Projeten.

Erliefnespädagogik gëtt och nees grouss geschriwwen mat Schwéierpunkten op Vermëttelung vu Wäerter, Verantwortungsgefill, Konfliktfähegkeet, Selbstwertgefill a Kierperbewosstsinn.

E ganz wichtege Volet ass eis Präventiounsaarbecht ewéi z.B. „jeunes con ducteurs“, awer och Themen ewéi Suicide, Aarbechtslosegkeet an Integratioun.

Am „YOUTUBE“ Projet bidde mir den Jonken eng Plattform vir sech an verschidden Beräicher auszedrécken.

Är Jonker sinn eis wichteg a mir sinn do fir hinnen an Iech ze hëllefen op e sozial gesonde Wee ze goen.

Am Numm vun der Équipe vum Jugendtreff Hesper soen ech Iech e grousse Merci fir dat Vertrauen dat Dir an eis, an an eis Aarbecht hutt, a wënschen eis zesummen e flott Zäit.

Pol GODINHO - Chargé de direction

Merci Romain fir déi lescht 10 Joer !

Ab dem 1. September genéisst de Romain Juncker seng wuelverdéngte Pensioun an iwwergëtt de Jugendtreff Hesper enger jonker voll motivéierter Équipe. Als Schäffe vun der Gemeng Hesper wäert hien awer nach e Bléck op eis hunn.

Merci Romain, dass du de Jugendtreff Hesper zu deem gemaach hues wat en ass.
Merci, fir déi lescht 10 Joer !

 Christian EWERT - President SEJ-Hesper

 

Hesper Youth Guide 2018-2019
Dee neien "Hesper Youth Guide" ënnert der Form vun engem flotten Agenda fir jiddwer Jugendlechen aus der Gemeng tëscht 12 an 26 Joer ass ab dem 14. September 2018 ze kréien! Doranner fënns du sämtlech Informatiounen aus dem Beräich Gesondheet, Aarbecht, Formatioun, Alldag a Soziales a villes méi. Och d'Elteren fannen vill Nëtzleches an dësem Guide.
Komm dir en sichen, an d'Receptioun vun der Hesper Gemeng oder an de Jugendtreff Hesper.
Häerzlech Wëllkomm.
Mir sinn do fir Iech! Eis Équipe besteet aus engem feste Staff vun 5 Leit, diploméierten Éducateuren an Animateuren. Fir déi grouss Unzuel vun Atelieren a Projeten iwwert dat ganz Joer, steet eis nach en externe Staff mat qualifizéieren Animateuren zur Säit.
Fir eis besser kennen ze léieren, fann dir eise ganze Staf ënnert dem Punkt "Kontakt" am Menu oder am beschten Dir kommt eng kéier bis laanscht.

Prochaines activités

Ajoutez-nous sur les médias sociaux!

Facebook

Pol Godinho (Jugendtreff Hesper)

Snapchat

Jugendtreff Hesper

YouTube

Jugendtreff Hesper

Instagram

jugendtreffhesper

Avez-vous besoin d'aide ou d'informations?

Appelez nous: (+352) 26 36 02 88
ou contactez-nous par email: Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser.

Nos informations de contact: