Skip to main content

« De séchere Schoulwee » an PEDIBUS

Fir d’ Rentrée 2021/2022 huet d’ Gemeng Hesper, dat 2006 agefouerte Konzept vum séchere Schoulwee, komplett iwwerschafft an aktualiséiert.

Esou goufe verschidde Moossname getraff, déi zur Sécherung vun der Schoulweeër bäidroe sollen.

An de Wunnquartiere sinn iwwerall Tempo 30 Zonen agefouert ginn an et goufe verschidde Mesurë getraff fir den Duerchgangsverkéier esou gutt wéi méiglech z’ënnerbannen. An dëse Wunnquartiere  si sougenannte “Points de rassemblement” virgesinn, déi de Kanner als Unhaltspunkten dénge sollen. Vun hei aus ass de séchere Schoulwee gekennzeechent. Zu dësem Zweck gouf den ale Logo „Schläichi“ nei opgeluecht a soll duerch d’Opdroen um Trottoir de Wee fir d’Schüler markéieren.

Zousätzlech zu den ausgewisene Schoulweeër gesäit d’Konzept vum séchere Schoulwee verschidde Pedibuslinne vir. Dës féieren op festgeluechte Strecken, mat definéierten Haltestellen, wou d’Kanner waarde kënnen, an d’Schoul. De Pedibus gëtt ëmmer vun enger erwuessener Persoun begleet.

D’Pedibuslinne sinn op de Schoulweeër virgesinn, déi laanscht eng Haaptstrooss féieren. Duerch d’Begleedung vun enger erwuessener Persoun soll d’ Sécherheet vun de Kanner op dëse geféierleche Platze garantéiert ginn.

D’Ziel vum séchere Schoulweekonzept ass et fir d’Kanner (an och d’Elteren)  dozou ze motivéiere fir ze fous, resp och mam Vëlo an d’Schoul ze goen/fueren. Nieft dem kloren gesondheetleche Virdeel, soll duerch dës Mesure zousätzlech d’Unzuel vun den Autoen am Beräich vun de Schoulen an der Gemeng reduzéiert ginn. Duerch déi vill Autoe kënne geféierlech Situatiounen entstoen, wat zu engem allgemengen Onsécherheetsgefill bei de Kanner, sou wéi och bei den Eltere féiere kann.

Fir d’Gefor vun Accidenter virzebeuge soll d’Schoulkand sech un folgend Reegelen halen:

  • Den Trottoir ass den eenzeg geschützte Raum.
  • Et soll ee méiglechst ëmmer op der geschützter Säit vum Trottoir goen, d.h. op der Säit vun den Haiser an de Gäert.
  • Sollt et ob béide Säite keen Trottoir ginn, soll een déi lénks Stroossesäit notzen
  • Et ass ëmmer am séchersten iwwer d‘Stross bei engem Iwwergang mat rouder Luucht ze goen.
  • Sollt d’Kand iwwer d’Strooss bei engem ongeschützten Zebrasträife goen, da muss et onbedéngt dës Sécherheetsreegele beuechten: fir d’éischt no lénks kucken, dann no riets an da réischt iwwert d’Strooss goe wann keen Auto méi am Bléck ass.

Horairen vun den Pedibus Schoulweeër

Trajet AR:

«Réiserwée»
→ École Alzingen C1
→ École Alzingen C2-C4

Trajet AS:

«Cité Seitert»
→ École Hesperange

Trajet AW:

«rue Roger Wercollier»
→ École Alzingen C2-C4
→ École Alzingen C1

Trajet FA:

«Op den Aessen/An Duelem»
→ École Fentange
→ École Hesperange

Trajet FB:

«rue de Bettembourg»
→ École Fentange

Trajet FP:

«Plateau Fentange/rue de Gasperich»
→ École Hesperange

Trajet HI:

«Holleschbierg/rue d’Itzig»
→ École Hesperange

Trajet HT:

«rte de Thionville»
→ École Hesperange

Laura REDING

Responsabel vum Projet Pedibus

9, rue de Bettembourg
L-5810 Hesperange

Secrétariat

Öffnungszäiten während der Schoulzäit:
Méindes bis Freides: 8.00 - 16.00 Auer

Christiane De La Hamette

Secrétariat
2, rue de l'école
L-5957 Itzig

Natalie Fellerich

Secrétariat
2, rue de l'école
L-5957 Itzig